FRO.LU: Rechnunge fir net ofgesote Rendez-vouse beim Dokter

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Fall wou een säin Dokters Rendez-vous net mat Zäiten oder guer net ofseet, kann een Dokter eng Rechnung ausstellen. Dës Rechnung gëtt net vun der CNS iwwerholl.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Rechnunge goufen an deene leschte 5 Joer un d’CNS geschéckt wou een “Rendez-vous non observé” facturéiert ginn ass?

  2. Huet d’CNS Estimatiounen, wéi oft esou Facturen am Joer ausgestallt ginn?

Fro n°7836

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7836

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt