Am Juni huet RTL gemellt, dass Patiente, wann si e Rendez-vous ufroe fir d’Densitéit vu senge Schanke gemooss ze kréien, musse bis Mäerz 2026 waarden. Dëst géif fir Roserei bei ville Patiente suergen. De Grond dofir ass, dass et zanter dem August 2000 et hei am Land just eng eenzeg Maschinn gëtt, fir d’Densitéit vu Schanken ze moossen an dës ass komplett iwwerlaascht, wéi vun den Hôpitaux Robert Schuman erkläert gëtt. An der Moyenne géife mat deem Gerät tëscht 5.500 a 6.000 Examen am Joer gemaach ginn. Trotz Delaie vun ëmmerhin 18-20 Méint fir e Rendez-vous gouf réischt am Dezember 2023 de Gesetzestext geännert, deen d’Zuel vun den Apparater, déi kënnen installéiert ginn, vun 1 op 3 eropsetzt. Laut der Santésministesch wier den Zweeten an der Prozedur. Dee soll am Kader vum Centre Hospitalier du Nord op Wolz kommen. Den drëtten Apparat soll eventuell an de Süde kommen, méi genau op Esch.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Wéi ass den aktuelle Stand zu dësen Aussoe vun der Ministesch, déi viru méi wéi dräi Méint gemaach goufen?
- Wat genee ass zënter der RTL-Reportage vum Ministère ënnerholl ginn, fir d’Uschafung vun dësen zwee Apparater ze beschleunegen?
- Den aktuellen Apparat ass mëttlerweil 24 Joer al. Iwwert d’Joren hätten ëmmer nees Infrastrukture missten erneiert ginn, well et duerch déi vill Exame pro Joer zu engem immens grousse Verschläiss kënnt. Néierens a ganz Europa géife souvill Examen op enger Infrastruktur gemaach ginn.Entsprécht dëse 24 Joer alen Apparat nach den aktuelle Standarden, déi fir Densitométrie-Apparater gefuerdert ginn? Wa nee, ass geplangt, dësen Apparat an Zukunft duerch een neien ze ersetzen?
- Wéi héich ass d’Stralung (a Millisievert) fir d’Patienten, wann eng Miessung mam aktuellen Apparat gemaach gëtt? An am Verglach dozou, wéi héich ass d’Stralung (a Millisievert) vun de méi moderne Modeller, déi geplangt sinn? Sinn dës méi stralungsaarm?