Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
An de Rapports d’activité vun de Ministèrë kann een noliesen, wat d’Haaptaktivitéiten an de jeeweilege Ressorte waren a wei verschidde Gelder benotzt goufen. An de Rapports d’activité vum Sportministère gouf bis 2017 ëmmer ënnert dem Punkt „Tableau concernant les fonds budgétaires directement versés aux fédérations et au C.O.S.L.” matgedeelt, wéi eng Sportaart wéi vill Suen ze gutt hat. An de Joren 2018 an 2019 ass dës Oplëschtung vun de Subsiden, déi un d’Federatiounen an de C.O.S.L. ausbezuelt goufen, awer net méi matgedeelt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Huet de Ministère eng Oplëschtung vun all de Fonge gemaach, déi am Budgetsjoer 2018 an 2019 un d’Fédératiounen an un de C.O.S.L geschéckt goufen (an der selwechter Form a mat de selwechten Informatioune wéi am uewen ernimmten Tableau aus dem Rapport d’activité 2017) ?
-
An de Rapporte vun 2018 an 2019 steet als Begrënnung, firwat esou een Tableau net méi mat verëffentlecht gëtt, Folgendes: “D’emblée, il y a lieu de préciser que les données de l’exercice 2019 ne sont pas définitives parce que de nombreux décomptes ne sont présentés qu’au début de l’année 2020 par les organismes sportifs. De ce fait, le présent chapitre clôture en détail la répartition des crédits de 2018 et indique les fonds disponibles en 2019 dont l’attribution reste similaire.” Wat huet sech vun 2017 op 2018 geännert, dass de Ministère dës Zuelen net méi kann a sengem Rapport d’acitvité matdeelen? Wann et esou ass, dass d’Zuelen zu deenen ausbezuelte Subsiden dat Joer duerno nach net kënne kloer bestëmmt ginn, misst esou eng Oplëschtung dann net trotzdeem an engem spéidere Rapport verëffentlecht ginn?
-
Wéi sinn déi Zuele fir dat ofgeschlossend Budgetsjoer 2019?
Fro n°2889
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 2889