FRO.LU: Pünktlechkeet vun den CFL

D’CFL publizéiert monatlech Statistiken iwwert Ausfäll a Verspéidungen vun den Zich op hirem Site. Dës Statistike spigelen awer net wierklech den Impakt op d’Leit déi schaffe ginn an d’Schüler, erëm. Interessant wier et z.B. ze kucken, wéi d’Zuelen an der Woch tëschent 6h00 an 9h00, respektiv 16h00 an 19h00 Auer sinn. 

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Erhieft a sammelen d’CFL d’Donnéeën iwwert Verspéidungen vun Zich an Zichausfäll, baséiert Auerzäit?
    Falls jo, wou kann de Public dës Donnéeën nokucken?Falls nee, ass et méiglech, dass d’CFL dës Datesätz, esou wéi dat deelweis am Ausland gemaach gëtt, ëffentlech publizéiert? 

Fro n°1257

CHD

Dës Fro krute mer iwwert FRO.LU gestallt.

Mir hunn eng Nofro gestallt:

Fro n°1571

CHD

Dës Statistike spigelen awer net wierklech den Impakt op d’Leit déi schaffe ginn an d’Schüler, erëm. Interessant wier et z.B. ze kucken, wéi d’Zuelen an der Woch tëschent 6h00 an 9h00, respektiv 16h00 an 19h00 Auer sinn.”

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Erhieft a sammelen d’CFL d’Donnéeën iwwert Verspéidungen vun Zich an Zichausfäll, baséierend op der Auerzäit?
    • Falls jo, wou kann de Public dës Donnéeën nokucken?
    • Falls nee, ass et méiglech, dass d’CFL dës Datesätz, esou wéi dat deelweis am Ausland gemaach gëtt, ëffentlech publizéiert? 
  2. Wéi vill Zich hate Verspéidungen während de Spëtzestonnen (6:00-9:00 an 16:00-19:00)?
  3. Wéi vill Zich sinn net gefuer ginn, duerch Suppressiounen, Deelsuppressiounen oder goufen provisoresch aus dem Fahrplang erausgeholl? 
    Ginn dës Donnéeën spezifesch fir d’Spëtzestonnen erfaasst a publizéiert?
  4. Verëffentlecht d’CFL d’Donnéeën och ënnert engem anere Format wéi PDF? 
    Falls jo, wou?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen