Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Wann een eng Réi Ofrechnunge vum Dokter an enger Kéier bei d’CNS schéckt ginn dës net onbedéngt gemeinsam traitéiert. Dëst ass och esou um Site vun der CNS annoncéiert. Ville Leit ass de Prozess hannert dem Enregistréiere vu Rechnungen an dem Ausbezuele vun de Gelder net bekannt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Firwat ginn d’Rechnungen esou gehandhaabt?
-
Och wann de System vum Tiers payant ugelaf ass, huet d’Ministesch selwer an der Chamber ze verstoe ginn, dass et nach wäert dauere bis all Dokter dësen och wäert notzen.
Wäert bis dohi weiderhin un enger Verbesserung vum traditionelle Remboursementsystem geschafft ginn?
• Wa jo, wat ass nach envisagéiert fir d’Liewe vun de Mataarbechter:innen vun der CNS ze vereinfachen an d’Delaien ze verkierzen?
Fro n°208
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu