Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Um Kongress vum COSL vum 20te Mäerz gouf de Bilan vun 2020 gezunn, an een neie Verwaltungsrot gewielt. Um Kongress war och de Sportminister, deen erkläert huet, dass de Ministère am Kader vum Plan de relance “Restart Sports” d’Sportswelt, mat 3,4 Milliounen Euro ënnerstëtzt huet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann de Minister Detailer zu dësen Ënnerstëtzunge ginn?
• Wéi vill € sinn un Sportveräiner aus Federatioune gaangen, déi Wettkampf-Sport bedreiwen?
• Wéi vill € sinn un Sportveräiner aus Federatioune gaangen, déi kee Wettkampf-Sport bedreiwen?
• Wéi vill € sinn un d’F.S.L.H. gaangen?
• Si Suen, fir aner sportlech Aktivitéiten (Therapie-Sport, Integratioun,…) gaangen?
2. Sportsveräiner konnten op Guichet.lu bis den 31.12.20 hëllefen ufroen. Och 2021 wäert fir si ee schwéier Joer ginn. Ass virgesinn, dës Hëllefe weider ze féieren?
Fro n°3946
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 3946