FRO.LU: Plainte wéinst Belästegung bei der ITM

D’Lëtzebuerger Gesetz iwwert moralesch Belästegung op der Aarbecht, dat den 9. Abrëll 2023 a Kraaft getrueden ass, gëtt der Inspection du Travail et des Mines (ITM) eng wichteg Roll bei der Behandlung vu Fäll vu moralesche Belästegung. Wann en Employé mengt, datt d’moralesch Belästegung trotz de Moossname vum Patron bestoe bleift, oder wann de Patron keng adequat Moossnamen hëlt, kann den Employé oder d’Personaldelegatioun de Fall un d’ITM weiderginn.

D’ITM muss dann eng Enquête maachen, déi betraffe Parteien héieren (dat potenziellt Affer, de presuméierten Täter vun der Belästegung, aner Mataarbechter an de Patron) an e Rapport mat Empfeelunge schreiwen. Dëse Bericht muss dem Patron bannent 45 Deeg nom Empfang vum Dossier geschéckt ginn. De Patron muss doropshi Moossnamen huelen, fir den Akte vun der Belästegung direkt op en Enn ze bréngen. Am Fall vun Net-Anhale kann d’ITM eng administrativ Geldstrof vu bis zu 25.000 Euro operleeën.

  1. Un rapport est remis à l’employeur dans les 45 jours au plus tard de la réception du dossier.”
    Fänkt den Ufank vun de 45 Deeg mat der Arrivée vun der Plainte un oder der Entscheedung vun der ITM fir z’ënnersichen?
  2. Wéi vill Fäll/Reklamatioune sinn zënter dem 9. Abrëll 2023 bei der ITM opgemaach ginn?
  3. Wéi vill vun dëse Fäll hunn zu enger Enquête gefouert?
  4. Wéi vill vun dëse Fäll/Reklamatiounen hunn net zu enger Enquête a engem Bericht vun der ITM gefouert? Wat waren d’Konsequenzen?
  5. Vun de gemellte Fäll vun Harcèlement, wéi vill goufe à l’amiable geléist, wéi vill duerch eng formell Interventiounen, a wéi vill ginn nach veraarbecht?
  6. Wat sinn déi typesch Empfeelunge vun der ITM un d’Patronen a Fäll vu moralesche Belästegung?
  7. Ginn et Statistiken iwwer de Profil vun den Affer an Täter vu moralesche Belästegung (zum Beispill no Geschlecht, Alter, Aktivitéitssecteur)?
  8. A wéi ville Fäll war d’Personaldelegatioun an de Prozess vun der Behandlung vu Reklamatiounen iwwer moralesch Belästegung involvéiert?
  9. Wéi vill Mataarbechter hunn d’Méiglechkeet genotzt, hiren Aarbechtskontrakt ouni Préavis opzeléisen, wéinst grave Mëssverhalen vum Patron no Fäll vu moralesche Belästegung?

Zesummenhang posts

Den LCGB huet matgedeelt, datt d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten astellt an ee Repreneur sicht. D’Firma schafft fir eng Villzuel u staatleche Verwaltungen, parastaatlechen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen