Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
An de leschten Méint hunn eng ganz Partie Firme mat Sëtz zu Lëtzebuerg virun Phishing Attacke gewarnt. Eng Phishing Attack ass e grouss ugeluechte Versuch, fir un privat Donnéeë vu Persounen ze kommen, andeems een sech als eng Firma oder eng Autoritéit ausgëtt an de Leit Noriichten an där hirem Numm zoukomme léisst.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Phishing Attacke goufen den zoustännegen Autoritéiten an deene leschten 3 Joer gemellt (opgeschlësselt no Joer)?
-
Op wéi vill chiffréieren d’Ministeren de monetäre Schued, deen duerch esou Attacken entstanen ass?
-
Wéi vill Plainte goufen an deem Kontext an deene leschten 3 Joer vu Firmen deposéiert? Wéi vill vu Privatpersounen?
-
A wéi ville Fäll konnten d’Täter bestëmmt ginn?
-
Wat fir Schrëtt wäert d’Regierung ënnerhuelen, fir esou Phishing Attacken an Zukunft besser an de Grëff ze kréien? Wéi gëtt hei mat de nationalen Telekommunikatiounsentreprisen zesumme geschafft?
-
Gëtt et hei um europäeschen, respektiv um internationalen Niveau Kollaboratiounen, un deene Lëtzebuerg sech bedeelegt? Wa net, ass geplangt dëst an noer Zukunft ze maachen?
Fro n°5604
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 5604