FRO.LU: Oppe Froen fir d’Rentrée 2020

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

De 15ten September dierfen d’Kanner zu Lëtzebuerg erëm an d’Schoul. Den Educatiounsminister Meisch huet an dësem Kontext wärend enger Pressekonferenz säi Plang fir d’Rentrée 2020 präsentéiert. Trotzdeem bleiwen Onsécherheeten an Onkloerheeten bei den Elteren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat geschitt falls d’Elteren entscheeden, fir ee Kand mat engem vun den Haaptsymptomer, wéi zum Beispill Houscht oder 2 Niewesymptomer, an d’Schoul ze schécken? Wéi gi Situatioune gehandhaabt, wou d’Elteren eng aner Positioun vertriede wei d’Schoulpersonal?

  2. Mussen d’Elteren an engem Verdachtsfall d’Kand direkt op de Covid-19 testen loossen oder kënnen si déi zwee Deeg ofwaarden, an d’Kand doheem halen, ouni een Zertifikat vum Dokter fir d’Schoul an d’Aarbecht? 

Fro n°2782

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2782

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt