FRO.LU: Ofstand beim iwwerhuele vun engem Velo

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An enger aktueller Informatiounscampagne sensibiliséiert de Mobilitéitsministère d’Autosfuerer an aner Chaufferen iwwert den obligatoresche Sécherheetsofstand vu mindestens 1,5m beim Iwwerhuele vun engem Vëlo.
An deem Kader stellt sech d’Fro wéi et ëm Iwwerhuelmanöver tëscht Autoen a Vëloen op enger “Voie suggestive” (“Angebotsstreifen”) steet. Hei gesäit den Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques nämlech Folgendes vir:

“Art. 118 §1 a):
(…) Toutefois, si la densité de la circulation le justifie, les conducteurs de véhicules peuvent circuler en files parallèles
– sur les chaussées à double voie de circulation dans le même sens;
– sur les chaussées à sens unique divisées en voies de circulation;
– sur les tronçons de chaussées spécialement signalés à cet effet;

Art. 125:
Dans les cas visés à l’article 118, paragraphe 1 sous a), le fait que les conducteurs d’une file ou voie de circulation circulent à plus grande vitesse que ceux d’une autre file ou voie de circulation n’est pas considéré comme dépassement. ”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Gëllt den Ofstand vun 1,5m och wann een Auto een Velo, deen op enger Voie suggestive ass, iwwerhëllt?

Fro n°8090

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8090

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat