FRO.LU: Net Opklärung vu Laboratoireskäschten

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall hätt de Labo laut Artikel 12 vun der Konventioun tëscht der Fédération luxembourgeoise des Laboratoires d’analyses médicales an der CNS d’Flicht, fir de Patient iwwert d’zousätzlech Käschten z’informéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi muss dës Estimatioun vum coût global formuléiert sinn? Geet eng verbal Estimatioun duer oder muss de Patient dës schrëftlech kréien?

  2. Am Fall wou de Patient oder d’Patientin net iwwert dës zousätzlech Käschten informéiert gi wier, u wien misst en sech wenden? 

  3. Wat gëtt am Fall gemaach, wou de Prestataire keng schrëftlech Tracen huet, déi beweisen, dass en eng Estimatioun ginn huet?

  4. Wéi vill esou Litigë sinn aus de vergaangenen 10 Joer bekannt?

Fro n°7536

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7536

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt