FRO.LU: Neie Fournisseur fir medezinesche Cannabis

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An enger virrechter parlamentarescher Fro, huet d’Santésministesch erkläert, dass no der Procédure ouverte accélérée elo een neie Fournisseur fir medezinesche Cannabis fonnt gouf. D’Bestellunge schénge gemaach an de Ministère schätzt, dass déi éischt Liwwerungen Enn September zu Lëtzebuerg ukommen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Gesondheetsministesch Detailer zum néie Fournisseur ginn (d’Hierkonftsland, ginn och aner Länner vun dësem beliwwert,…) ?

  2. Wat fir ee Montant gouf vum Gesondheetsministère beim Finanzministère gefrot? Wat fir eng Zäitspan soll mat dësem Budget ofgedeckt ginn?

  3. Wat fir Produiten an a wat fir Quantitéite gouf an enger éischter Instanz bestallt?

Fro n°4797

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4797

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt