FRO.LU: Mobbing

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Obwuel Mobbing duerch eng Villzuel un Artikelen aus internationalem a nationalem Recht an och duerch de groussherzogleche Reglement vun 2009 verbueden ass, kënnt et a lëtzebuergesche Betriber ëmmer nach zu Situatiounen, an deenen Aarbechter humiliéiert, degradéiert oder psychologesch fäerdeg gemaach ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wei vill Uriff goungen am Joer 2019 an an deenen éischten 9 Méint vun 2020 bei der ITM wéinst Mobbing an? Wei vill Plaintë goufen deposéiert?

  2. An enger Presentatioun zum Thema Actions Positives vum Chancëgläichheetsministère, rifft de Ministère Betriber op, fir hiert Personal zu Responsables d’égalité ze forméieren, déi am Fall vu Mobbing oder Diskriminatioun, den Affer sollen hëllefen.  Huet de Ministère Zuele wéi vill esou Responsables d’égalité et an de Betriber ginn?

  3. Am Règlement grand-ducal vum 15.12.2009 steet, dass am Fall, wou et zu Mobbing kënnt, eng intern Evaluatioun muss vum Employeur gemaach ginn.  Huet d’Affer Zougang zu dëser Evaluatioun? Falls nee, wéi stinn d’Ministeren zu enger verflichtender Transmissioun vun dësem Dossier?

  4. Wéi stinn d’Ministeren zu enger Charge de la preuve, déi just vum Aggresseur an dem Employeur gedroen gëtt?

  5. D’Proposition de loi n°4979, 2002 vum Lucien Lux déposéiert, 2016 vum Taina Boefferding iwwerholl, koum tëschenzäitlech an aner Kommissiounen a 2018 läit säit erëm an der Aarbechtskommissioun. An dësem Gesetzesprojet war ënnert anerem virgesinn, d’ass Délégation du personnel eng wichteg Roll spillt an der Protektioun vum Affer. 

• Wat sinn am Moment d’Flichte vun enger Personaldelegatioun an esou enger Situatioun? Wéi ënnerscheeden se sech vun den Obligatiounen, déi am Artikel 5 vun der Proposition de loi festgehale sinn?

• Si momentan Schrëtt virgesinn, fir een Anti-Mobbing Gesetz, zum Beispill op der Basis vun der uewe genannte Proposition de loi, zu Lëtzebuerg anzeféieren?

Fro n°3066

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3066

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister