FRO.LU: Militäresch Kooperatioun mat Estland mat Drohnen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

De Verdeedegungsministère an Estland huet an engem Communiqué den 28te Juli 2020 annoncéiert, datt Lëtzebuerg mat Estland eng Kooperatioun am Beräich vun onbemannte Fluchkierper, also Dronen, agoe wäert:
“Kusti Salm, Director of the Estonian Centre for Defence Investments, noted that with the agreement Estonia will allow for the training of unmanned aerial vehicles belonging to the Luxembourg Armed Forces in Estonian airspace, and a training centre building will be built at Koigi Airport for this purpose. […] The building will include classrooms, storage, equipment maintenance, accommodation and the necessary leisure and sanitary facilities. According to the agreement, the building will be used jointly by units from Luxembourg, the Estonian Defence Forces and the Defence League. The infrastructure is being built by the Estonian Centre for Defence Investments and funded by Luxembourg’s Directorate of Defence. Design work will begin this year, with construction set to begin in the first half of 2021.”

Op der Website vun der Direktioun vun der Defense zu Lëtzebuerg ass bis ewell awer nach näischt doriwwer ze liesen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister een Dokument, dat d’Kooperatioun, déi den estnesche Verdeedegungsministère bestätegt? Ëm wéi een Dokument handelt et sech a wäert d’Chamber dëst zur Ratifizéierung an engem Gesetzesprojet virgeluecht kréien?

  2. Wéi héich ass de Bäitrag, dee Lëtzebuerg fir dës militäresch Kooperatioun wäert bezuelen?

  3. Wéi vill Unitéiten wäerten un dëser Kooperatioun zu Estland deelhuelen a wat wäerten hier Aufgabe sinn?

  4. Wéi een Typ Dronen wäerten do an där Kooperatioun operéieren?

  5. Gëtt an den Trainingen och vermëttelt, wéi een en Ziler mat Effektoren zerstéiert?

  6. Wéi eng Positioun vertrëtt d’Regierung vis-à-vis vum Asaz vun onbemannte Fluchkierpere fir militäresch Zwecker?

  7. Wéi eng militäresch a geopolitesch Faktoren hunn de Verdeedegungsminister dozou beweegt dës Kooperatioun mat Estland am Beräich vun onbemannte Fluchkierperen anzegoen?

  8. Gëtt dës Kooperatioun mat Estland als Bäitrag zu der NATO consideréiert?

  9. Ass d’Regierung der Meenung, datt dëse Programm vu Russland als Bedreeung kéint wouergeholl ginn?

Fro n°2677

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2677

Zesummenhang posts

Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert
A menger parlamentarescher Fro N°8287 wollt ech wëssen, wéi d’lëtzebuerger Regierung zur sougenannter Chatcontroll steet. Déi europäesch Pläng zur Chatcontroll, déi an der Propose
Leschte Mount hunn ech de Minister zur Ënnerbrengung vum Embassadeur zu New York befrot. Den Bausseminister huet erkläert, dass den Ambassadeur a permanente Vertrieder