FRO.LU: Mënscherechter a Marokko

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Lëtzebuerg a seng Finanzplaz bitt ville Länner finanziell a sozial Ënnstetzungen un. Ee Land dovun ass Marokko.

Dëst Land krut zum Beispill am Kader vum 5ten Accord de coopération dans la domaine de l’assistance technique à la microfinance mat der BEI Hëllef bei verschiddene Projeten zougesot. Zudem huet de Luxembourg Trade and Investment Office (LTIO) ee Büro zu Casablanca, deen Hëllefe soll, den Handel tëscht Lëtzebuerg a Marokko ze vereinfachen, a Luxembourg for Finance huet 2012 een Accord de partenariat mat de Leader vum Projet Casablanca Finance City ofgeschloss.

A Marokko kënnt et awer leider och zu Verhaftunge vu Journalisten. Reporteurs sans frontières mellt, dass zwee Marokkanesch Journaliste säit 8 Méint, respektiv engem Joer, festgehale ginn. Ee Geriichtsprozess, dee fir Ufank Abrëll ugesat war, gouf rezent nees no hanne verréckelt. Marokko ass am Klassement vun der Pressefräiheet dëst Joer nach weider 3 Platzen op d’Plaz 136 erofgerutscht.

De Bausseminister huet a senger Aussepolitscher Erkläerung d’lescht Joer an der Chamber erkläert, dass d’Relatioune mat dem Marokko sech verbesseren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Thematiséiert d’Regierung d’Mënscherechter an d’Pressefräiheet bei all Gespréich mat Vertrieder vun der Marokkanescher Regierung? • Falls jo, wat war d’Positioun vun de Vertrieder vun der Marokkanescher Regierung, wann se op dës Themen ugeschwat goufen? • Falls nee, firwat net?

  2. Wei sëtzt sech déi Lëtzebuergesch Regierung konkret dofir an, dass d’Mënscherechter a Marokko gestäerkt ginn?

  3. Huet Lëtzebuerg an deene leschten 10 Joer Projeten a Marokko finanzéiert, déi d’Mënscherechter an/oder d’Pressefräiheet am Land stäerke sollen? Falls jo, wéi héisch war déi finanziell Ënnerstëtzung fir dës Projeten?

  4. Huet de Bausseminister Donnéeën zu de Projeten, déi an deene leschten 10 Joer op EU-Niveau lancéiert goufen, fir d’Mënscherechter an/oder d’Pressefräiheet a Marokko ze stäerken? 

Fro n°4214

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4214

Zesummenhang posts

Kaderprogramm Péiteng 2023