FRO.LU: Kritesch Infratrukturen – eng Nofro

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

A menger parlamentarescher Fro n°1822 wollt ech méi iwwert d’Ëmsetzung vun der EU-Direktive 2016/1148 wëssen, déi mam Gesetz vum 28te Mee 2019 zu Lëtzebuerg transposéiert gouf a bei der et iwwer d’Moossname fir d’Gewährleeschte vun engem héije gemeinsame Sécherheetsniveau vun Netz- an Informatiounssystemer an der EU geet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A senger Äntwert schreift de Premierminister:
    “”Den ILR huet am Total bis elo 44 OSE identifizéiert[…]. D’CSSF schätzt, dass manner wéi 10 Etablissementer ënnert deene vun hir festgehalene Critèrë wäerte falen an als OSE klasséiert wäerte ginn.””

    Wéi sinn d’Nimm vun de klassifizéierten OSEen?

  2. D’Gesetz an d’Direktive gesinn nieft den OSEen och d’Klassifizéierung vu Fournisseurs de services numériques (Digital Service Provider oder DSP) vir.

    Opgelëscht no de Punkten 16 bis 18 vum Artikel 2 vum Gesetz (dat sinn: Place de marché en ligne, Moteur de recherche en ligne,  Service informatique en nuage), wéi vill Organisatioune sinn zu Lëtzebuerg als Services numérique klassifizéiert ginn?

  3. Wéi sinn d’Nimm vun de klassifizéierten DSPen?

  4. Op d’Fro vun den Auditten äntwert de Premierminister:
    “Auditte sinn am Kader vum Gesetz vum 28 Mee 2019 méiglech awer net zwéngend, sou dass den ILR elo direkt net geplangt huet fir Auditten ze maachen.”

    • Wei kann den ILR seng Aufgab ouni Auditten am Sënn vum Artikel 15 (3) vun der Direktive vollzéien ?
    • Wéi vill Budget gouf dem ILR am Kontext vun der Direktivean dem Gesetz fir dës Missioun zougesprach ?
    • Sinn an deem Budget d’Ressourcë fir d’Realiséierung vun Auditte mat budgetéiert oder net?• Falls jo, wéi vill Sue goufen am Budget fir d’Auditte virgesinn a goufen eventuell scho gebraucht?
    • Falls nee, firwat net? 

  5. Wéi vill substantiell Incidenten goufe bis dato un d’CSSF & den ILR gemellt ?

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

Fro n°2250

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene