Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
FRO.LU: Kontaminéiert Iesswueren – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

FRO.LU: Kontaminéiert Iesswueren

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministesch fir Konsumenteschutz weiderzeleeden.

Bei der Liewensmëttelproduktioun kënnt et ëmmer erëm zu ongewollte Kontaminatiounen. Esou Fäll gi vum Commissariat du gouvernement à la qualité, à la fraude et à la sécurité alimentaire (kuerz d’Liewensmëttelkontroll) analyséiert an, wann esou ee Fall antrëtt, gëtt si eng Warnung fir ee betraffene Produit eraus.
Am Moment warnt d’Liewensmëttelkontroll virum Konsum vu Produkter mat Sesamkären a Kreuzkümmelpudder. Béid Produiten hunn de Risiko mat Ethylenoxyden, engem kriibserregende Produit, belaascht ze sinn.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. An der Äntwert op d’Fro n°650 hunn d’Ministeren erkläert, dass:

    Wann et sech em eng eescht Gefor fir d’Gesondheet handelt, da maachen déi zoustänneg Autoritéiten zousätzlech zu der Publikatioun um Portail nach en offizielle Communiqué de presse, deen dann iwwert den offizielle Wee un all lëtzebuerger Presseorganer geschéckt gëtt.

    Aläerten, déi Liewensmëttel betreffen, ginn och op der Santé-App “Santé.Iu”an um Portail santé publizéiert.

    Et gëtt och am Kader vun der Digitalisatioun vun de Ministèren dru geduecht,fir aner Applikatioune mat anzebegrëifen, wéi zum Beispill GouvAlert.lu.

    Eng Presenz vun den Autoritéiten op verschiddene soziale Medie gëtt am Moment am Kader vun der Kommunikatiounsstrategie vum Konsumenteschutzministère gepréift, deen an der neier Regierung d’Responsabilitéit vun der Liewensmëttelsécherheet iwwerholl huet.

    1. Wou steet een an dësem Zesummenhang mat dem Abanne vu GovAltert.lu?
    2. Op de soziale Medie vun der Regierung an de Ministèren, ass op den éischte Bléck näischt iwwert Liewensmëttelwarnungen ze gesinn. Wéi steet et mat de Ministeren hirem Virschlag, dës ze notzen, fir d’Leit op d’Geforen opmierksam ze maachen?
    3. Fir wéini sinn dës Ännerunge geplangt?
  2. Ass an Zukunft geplangt, d’Warnunge vun den Nopeschlänner méi däitlech wéi nëmmen de generelle Link zur Agence, um Site ervir ze hiewe wëssend, dass vill Lëtzebuerger Produiten am Ausland kafen?

    Wéi steet d’Ministesch dozou, fir bei all eenzeler Warnung och dobäi ze schreiwe wann änlech Warnungen am Ausland, zu zousätzleche Produiten, gemaach goufen?

     

Fro n°3416

Verlaaf an der Chamber

Dës Fro gouf gestallt op fro.lu, surft och dir bis laanscht op fro.lu

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll