FRO.LU: Indemnité de voyage

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Wann eng Persoun fir ee reegelméissegen Traitement muss an d’Ausland an net ka vun engem Taxi oder enger Ambulanz profitéieren, stinn hier vun der CNS 20 Cent pro Kilometer als Indemnité de voyage zou. Säit Mëtt 2021 klammen d’Energiepräisser esou, dass des Indemnitéit déi Assuréiert ëmmer manner entlaascht. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi setzt sech den Tarif vun 0,20€/km zesummen? Wéi eng Krittäre spillen hei eng Roll?

  2. Säit 2015 ass d’Kilometergeld op 0,30€/km festgehalen. Denkt de Minister dass hei eng Vereenheetlechung hei géing Sënn maachen? Wéi vill géif dës Vereenheetlechung kaschten?

  3. Ass de Minister der Meenung, dass d’Indemnité de voyage net misst reegelméisseg un de Stand vun den Energiepräisser no uewe respektiv no ënnen ugepasst ginn?

Fro n°6334

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6334

Zesummenhang posts

Déi national an europäesch Gesetzgebung gesäit vir, dass Persounen sech bei enger nationaler Entitéit beschwéiere kënnen, wann hier Rechter am Beräich vun de si
Fir eis Piraten si Biergerbedeelegung a Selbstbestëmmung wichteg. Dofir läit et eis och um Häerzen, dass d’Bierger selwer kënnen decidéieren, wéi a wou si