Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Säit Dezember dierfe laut Covid-Gesetz och ApdikterInnen Clienten an hiren Apdikte géint de Covid-19 impfen. Fir dat ze maachen, brauche si awer als éischt eng Autorisatioun vun der Santé, déi si eréischt no enger ofgeschlossener Formatioun kréien. Um Site vun der Regierung (covid19.public.lu) fënnt ee beim Volet “Impfung” aktuell keng Informatiounen zu enger Impfung an den Apdikten. An och um Site vum Syndicat des pharmacies luxembourgeois (pharmacie.lu), wou een d’Nimm vun allen Apdikte fënnt, déi zertifiéiert Schnelltester ubidden, fënnt ee keng Lëscht fir d’Impfung.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Apdikter hunn sech fir eng Formatioun ageschriwwen?
-
Wéi vill Apdikter hunn dës Formatioun schonn ofgeschloss?
-
Kann d’Ministesch eng Lëscht virleeën, mat all den Apdikten, wou ee momentan eng Impfung géint de Covid-19 ka kréien?
-
Wéi vill Dosen Impfstoff goufe bis ewell vun Apdikter gebraucht?
-
Falls sech bis ewell kaum Apdikter fir dës Formatioun gemellt hunn, wäert de Ministère zousätzlech Ustrengungen ënnerhuelen, fir d’Apdikter op dës Méiglechkeet opmierksam ze maachen?
-
Wou kann een d’Nimm vun den Apdikten noliesen, déi d’Méiglechkeet vun enger Impfung aktuell ubidden? Falls et Apdikte ginn, déi d’Impfung schonn haut kënnen ubidden, wäert d’Regierung dës op hirem Site covid19.public.lu schnellstméiglech oplëschten?
-
Wäert d’Santé sech och mat der Gewerkschaft vun den Apdikter a Kontakt setzen, fir dass och si eng Lëscht op hirem Site (pharmacie.lu) verëffentlechen?
Fro n°5498
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 5498