FRO.LU: Hëllefe fir Kanner mat ADHS

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Eng vun den heefegsten neurologesche Stéierung bei Kanner a Jugendiecher ass ADHS, d’Aufmerksamkeitsdefizit-Hyperaktivitätsstörung. Kanner mat ADHS si Kanner mat besoins spécifiques. Wéi zum Beispill bei Kanner mat Dyslexie, kënnen och Kanner mat ADHS méi Zäit kréie fir hir Prüfungen ze schreiwen oder Aufgaben fäerdeg ze stellen. Kanner déi ënner ADHS leide brauche vill méi Energie a Konzentratioun , fir ee ganze Schouldag roueg hannert sech ze bréngen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat awer ginn et fir Mesurë fir de Kanner an der Grondschoul mat Schwéierpunkt Hyperaktivitéit an Impulskontrollstéierung ze hëllefen?

  2. Wat awer ginn et fir Mesurë fir de Kanner am Lycée mat Schwéierpunkt Hyperaktivitéit an Impulskontrollstéierung ze hëllefen?

  3. Wat fir eng vun deene Mesurë sinn drop ausgeluecht, fir d’Integratioun vum Kand a senger Klass ze stäerken?

  4. Ginn et Uweisunge wéi een am Fall vu Bestrofunge soll mat dëse Kanner ëmgoen? Wa nee, ass de Minister der Meenung, dass et esou Uweisunge brauch, fir dem besoin spécifique vum Kand gerecht ze ginn?

  5. A part vun den ugepasste Prüfungszäiten, wéi gëtt der Diagnos ADHS wärend dem gesamte Schouldag Rechnung gedroen, fir ze verhënneren, dass d’Kanner Nodeeler op Grond vun hirer Krankheet hunn?

  6. Wéi a wéi oft gëtt iwwerpréift ob dës Mesuren och wirklech gräifen? Wien ass zoustänneg fir dës Kontroll?

Fro n°7122

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7122

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat