FRO.LU: Grouss Verzögerungen bei den Resultater vun enger Bluttanalyse

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

All Dag loossen sech dausende Residenten a Frontalieren op de Sars-Cov-2 testen. Den Aarbechtsopwand vun de Laboratoiren huet sech deemno säit dem Ausbroch vum Coronavirus däitlech erhéicht. D’Laboe mussen nieft deenen Tester nämlech och nach aner Tester auswäerten, wéi zum Beispill “normal” Bluttanalysen. De Leeddroenden dovunner ass den normale Patient, dee sech muss hannen ustellen an a verschiddene Fäll mi laang op seng Resultater vun enger Bluttanalys waarde muss.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch confirméieren, datt d’Waardezäite vun der Prise de sang bis zu de Resultater fir aner Bluttanalysen sech duerch di héich Unzuel u Covid-19-Tester verlängert hunn? Falls jo, ëm wéi vill Deeg hunn sech d’Waardezäiten am Schnëtt verlängert?

  2. Schafft de Ministère zesumme mat de Laboen un enger Verbesserung vun der Situatioun?

Fro n°2801

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2801

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt