FRO.LU: Grippeimpfungen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Zanter enger Rei Joeren recommandéiert d’Santé d’Grippe-Impfung fir eng Partie Beruffsgruppen – net just aus reng gesondheetleche Grënn, mee och aus sozioökonomesche Grënn. Et handelt sech heibäi ëm Enseignanten, Buschaufferen, Dokteren a Leit, déi am  Fleegesecteur schaffen. De Staat hofft, esou Krankheetsfäll ze vermeiden, déi zu personellen Engpäss a systemkriteschen Sekteure féiere kéinten. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Démarchen ënnerhëlt d’Direction de la Santé, fir dës Recommandatioun deene viséierte Beruffsgruppen bekannt ze maachen?

  2. Wéi eng Ënnerstëtzung kréien d’Employeuren aus deene Secteuren, fir hire Salariéen e méiglechst einfachen Accès zur Impfung ze erméiglechen?

  3. Wéi geet de Staat selwer als Employeur vir, fir dës Recommandatioun bei de betraffene Beruffsgruppen ze promouvéieren ? 

  4. Ass dës offiziell recommandéiert Impfung fir déi concernéiert Persoune gratis? Wéi een Undeel vun de Käschten gëtt vun der Gesondheetskeess iwwerholl?

Fro n°361

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 361

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt