FRO.LU: Gespäichert Donnéeën iwwert Medikamenter an den Apdikten

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Wann ee Patient an eng Apdikt geet, fir mat enger Ordonnance ee Medikament ze kréien, gëtt dëst am Historique vum Client vun der Apdikt gespäichert. D’Mataarbechter aus der Apdikt kënnen also op Basis vum Numm noliesen, wéi eng Medikamenter dës Persoun an der Vergaangenheet verschriwwe krut. Dëst gëtt ënnert anerem gemaach, fir am Kader vum Tiers payant automatique, d’Suen vun der CNS rembourséiert ze kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang kënnen dës Donnéeë maximal vun den Apdikte gespäichert ginn?

  2. Kann ee Patient an dësem Fall een droit à l’oubli bei der Apdikt geltend maachen?

Fro n°4878

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4878

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt