FRO.LU: Frais de séjour

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

 Frais de séjour fir Mataarbechter beim Staat ginn am ofgeännerte Règlement vum 14.06.2015 “sur les frais de route et de séjour ainsi que sur les indemnités de déménagement des fonctionnaires et employés de l’État” festgehalen. An dem Reglement gi mam Artikel 18 Exceptiounen zu den Frais de séjour festgehalen. Leit déi Chauffeur sinn, Catonnier oder Handwierker kréie just 1€ Frais de séjour amplaz vu 14€. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

Firwat ass decidéiert ginn, fir ee speziellen Artikel fir dës 3 Beruffer ze schafen an ee méi niddrege Montant festzehalen?

Fro n°415

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 415

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen