FRO.LU: Fëschen zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg gëtt Aangele vu ville Leit als Hobby ausgeüübt. Et kann een doriwwer diskutéieren, ob d’Fänke vu liewege Fësch, fir se dout ze maachen, erlaabt soll sinn oder net. Am Sënn vum Déiereschutz ass et awer, esou, dass d’Déiere respektéiert sollte ginn. Et gesäit een awer oft mol Aangler, déi de gefaangene Fësch net richteg behandelen, dem Déier onnéideg Wéi dinn oder Stress zoufügen. 

  1. An der Äntwert op d’Fro n°3304 vum Dezember 2020 gouf een Tableau mat der Unzuel u Fëscherschäiner presentéiert. Kann de Minister dësen Tableau mat den Donnéeë fir d’Joren 2021 bis 2024 ergänzen?
  2. Wäert dës Regierung een nationalen obligatoreschen Angelschein aféieren, soudass Leit, déi zu Lëtzebueg dem Aangleen als Hobby wëllen nogoen, virop een Angelcours mussen absolveieren, ewei et schon bei eisem däitschen Nopper den Fall ass?

Fro n°1624

CHD

Dës Fro gouf op fro.lu gestallt.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene