FRO.LU: Fäll vu bloem Houscht an de Schoulen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Enn Februar huet een vun enger ganzer Réi Fäll vu bloem Houscht héieren. No engem éischte Bericht um RTL iwwert de Lycée Ermesinde ass et an de Medien awer roueg ginn. Virun allem fir Puppelcher ass d’Krankheet ganz geféierlech.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Schüler si säit Ufanks des Joers um bloen Houscht erkrankt? Huet sech d’Situatioun säit Enn Februar verbessert oder verschlechtert?

  2. Wéi vill Enseignanten si säit Ufanks des Joers um bloen Houscht erkrankt? Huet sech d’Situatioun säit Enn Februar verbessert oder verschlechtert?

  3. Wéi vill Ariichtunge waren heivu betraff (Primärschoulen, Maison relais, Crèchen a Lycéeën)?

  4. Sinn nach weider Impfstatiounen ageriicht ginn, ausser déi am Lycée Ermesinde?

  5. Wéi vill Impfdose fir géint de bloen Houscht ze impfen huet Lëtzebuerg am Moment op Stock?

Fro n°530

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 530

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt