Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Am Moment besteet fir d’Spëtzesportler an déi déi et kéinte ginn, d’Section des sports d’élite de l‘Armée. Hei kënnen d’Sportler no enger Grondausbildung Deel vun der Arméi ginn, an esou ee reegelméissegt Akommes kréien an gläichzäiteg Zäit hunn, fir sech op hire Sport ze konzentréieren. Zudem gëtt et fir Staatsugestallten eng änlech Dispositioun, notamment den Horaire aménagé, deen am Artikel 14 Punkt 1 vum Sportsgesetz vum 3ten August 2005 steet a Folgendes virgesäit: „Un horaire de travail aménagé peut être introduit dans l’intérêt des sportifs d’élite occupés dans le secteur public. Par secteur public il y a lieu d’entendre l’Etat, les communes, les syndicats de communes, les établissements publics et la société nationale des chemins de fer luxembourgeois.»
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Sportler(innen) sinn an der Arméi als Sportzaldot agestallt?
-
Wéi enge Federatioune gehéieren dës Sportler(innen) un?
-
Vu wéi engem Budget ginn d’Depense fir d’Salairë fir d’Sportler(innen) aus der Section des sports de l’arméee bezuelt an op wéi vill belafen sech déi järlech Ausgabe fir de Staat fir déi Sektioun?
-
Wéi ass deen Horaire aménagé an der Fonction public gereegelt? Wat ass hei d’Base légale nieft dësem Saz aus dem Gesetz vun 2005?
-
Kënnen d’Ministeren d’Ënnerscheeder tëscht dem Congé sportif an dem Horaire aménagé méi genau erklären? Ginn et hei Ënnerscheeder an de Krittären, déi eng Persoun muss erfëllen, fir dovun ze profitéieren?
-
Ënnert wéi enger Form gëtt deen Horaire aménagé aarbechtsrechtlech ofgeschloss (Avenant zum Aarbechtsvertrag, Arrêté,…)?
-
Wéi vill Agente profitéiere momentan vun esou engem Horaire aménagé?
-
Wéi vill Agenten hunn an deene leschte 5 Joer vun esou engem Horaire profitéiert?
Fro n°5784
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 5784
Wëll an dësem Kontext nach e puer Onkloerheeten bestaanen hunn, huet den Sven Clement eng Nofro gestallt (Nummer 5958):