Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

FRO.LU: Éischt-Hëllef-Coursen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Dëst Joer goufen d’Éischt-Hëllef-Coursen, déi normalerweis vun de Gemengen iwwert den CGDIS organiséiert ginn, wéinst de sanitäre Mesurë géint d’Covid-19-Pandemie suspendéiert. Bis ewell ass nach keen Datum fir de Relancement vun de Coursen ugekënnegt ginn. Deene Leit, déi sech als Secourist wëllen ausbilde loossen, bleift aktuell nëmmen d’Méiglechkeet sech bei deenen deiere Formatioune bei privaten Trainingszenteren unzemellen, déi sech haaptsächlech un d’Entreprisë riichten. Et ass wichteg, dass an eiser Gesellschaft gutt informéiert an ausgebilte Secouristen ënnerwee sinn, well d’éischt Hëllef am Eeschtfall Liewe ka retten. Op d’Fro n°1998 hat d’Regierung schonns geäntwert, datt si eng Refonte vum Führerschäin virgesäit an iwwert d’Obligatioun fir een Éischt-Hëllefs-Cours nodenkt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Inneministesch schonns präziséieren, fir wéini déi nächst Éischt-Hëllefs-Coursë beim CGDIS geplangt sinn?

  2. Wéi vill Prozent vun der Bevëlkerung hunn aktuell ee validen Éischt-Hëllefs-Diplom? Wéi huet sech dëse Prozentsaz an de leschte 5 Joer entwéckelt?

Fro n°2741

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2741

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll