Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Am November huet d’EMA déi éischt Medikamenter géint de Covid-19 zougelooss. Ronapreve a Regkirona ginn iwwert eng Injektioun verabreecht a kënnen dofir nëmmen a Klinicken ugewannt ginn. Gläichzäiteg mussen se am Ufank vun enger Infektioun genotzt ginn a wäerten dofir nëmme bei Persounen, déi ee schwéiere Verlaf z’erwaarden hunn, genotzt ginn. Laut den Aussoe vum Dokter Reuter am RTL-Podcast “Wellebriecher” vum 13ten Dezember, hunn d’Klinicken nach keng Medikamenter kritt, mee de Ronapreve sollte se an deenen nächste Woche kréien.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Ronapreve huet Lëtzebuerg bestallt? Wéini wäerten déi éischt Dosisse geliwwert ginn?
-
Wéi vill Regikirona huet Lëtzebuerg bestallt? Wéini wäerten déi éischt geliwwert ginn?
-
Wéi ginn dës Medikamenter op d’Klinicke verdeelt?
Fro n°5420
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 5420