FRO.LU: Digitaliséirung vun ale Populatiounsregester

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

D’Lëtzebuerger Kathoulesch Kierch stellt via de Site https://data.matricula-online.eu/de/LU/luxemburg/ Daten zu den Dafen, Bestietnisser a Stierffäll aus dem 18ten, dem 19ten an dem 20ten Joerhonnert zu Lëtzebuerg fräi zur Verfügung.  Iwwert dëse Wee kënnnen all Biergerinnen a Bierger Recherche maachen iwwert d’Famille vun „deemools“ an et kënnen och ganz Duerfchroniken analyséiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet d’Ministesch dozou, och d’Populatiounsregëster vun de Gemengen online zur Verfügung ze stellen? Wann d’Ministesch dëser Propos favorabel géigeniwwer steet, wéi een Zäitraum vun Daten (Joergäng) kéinten de Bierger hei accessibel gemaach ginn?

  2. Wéi steet d’Ministesch zu der Propos, fir al Populatiounsregëster och a Papeierform op de Gemengen de Biergerinnen a Bierger zur Verfügung ze stellen?

  3. Ginn d’Donnéeën aus de Populatiounsregëster haut schonn all digital an enger Datebank gespäichert? 

Fro n°5368

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5368

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen