FRO.LU: D’Europäesch Konventioun fir de Schutz vu Mënscherechter

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Säit iwwert engem Joer hält d’Covid-Kris d’Land an Otem an d’Gestioun vun der Kris huet eng ganz Rei Restriktioune mat sech bruecht. Reegelen, wéi z.B. e Couvre-feu, deen eng Aschränkung vum fundamentale Recht op Beweegungsfräiheet duerstellt, däerfen a Krisenzäiten awer nëmmen agefouert ginn, wa gewësse Prozeduren op europäeschem Niveau agehale ginn.

Den Art. 15 Punkt 3 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun gesäit nämlech vir, datt d’Regierunge fir eng Aschränkung vun de fundamentale Fräiheeten duerchzeféieren,  de Generalsekretär vum Europarot muss informéieren an him d’Grënn fir d’Restriktiounen duerleeën. 

Ausserdeem misst d’Regierung de Generalsekretär vum Europarot och iwwert den Datum informéieren, un deem dës Moossnamen auslafen an d’Bestëmmunge vun der Mënscherechtskonventioun erëm voll ugewannt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf an all dëse Fäll de Generalsekretär vum Europarot doriwwer a Kenntnis gesat?

  2. Wat fir Delaien, wéini d’Restriktioune géifen auslafen, goufe jeeweils uginn?

Fro n°3901

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3901

Zesummenhang posts

D’Piraten hunn dofir gekämpft, dass d’Kandidaten déi wëlle Lëschten op de Gemenge fir d’Gemengewalen deposéieren, dës och als Wieler mat dierfen ënnerschreiwen. Et brauch ee 50 Ënnerschrëfte
Een Artikel op der Website correctiv.org beriicht, dass eng zu Lëtzebuerg usässeg Firma matgewierkt huet, fir medial Inhalter vum verbuedene russesche Sender Russia Today
Den 8. Mai 2019 huet de Minister fir Bannenzeg Sécherheet d’Statutte vun engem Groupement d’intérêt économique (GIE) mam Numm “Agence luxembourgeoise pour la promotion