FRO.LU: Denkmalschutz um communalen Niveau

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Aktuell lafen d’Aarbechten un engem nationalen Inventaire vum Patrimoine. Well dëse Projet nach net ofgeschloss ass, si vill Gebaier zum aktuellen Zäitpunkt nach just um communalen Niveau geschützt. D’Patrimoinesgesetz vum 25.02.2022 gesäit  awer vir, dass all Persoun, där hiert Haus zum Patrimoine communal gehéiert, viru Renovatiounsaarbechten eng ministeriell Geneemegung muss ufroen. Esou soll garantéiert ginn, dass wärend den Inventaire gemaach gëtt, kee Patrimoine méi ka verluer goen. Gëtt eng Demande fir Aarbechte gemaach, déi der Aschätzung vum Ministère no zu enger Zerstéierung oder Beschiedegung vum Patrimoine féiere kéinten, huet d’Ministesch d’Méiglechkeet, d’Gebai innerhalb vun 3 Méint virzäiteg um nationalen Niveau klasséieren ze loossen. 

D’Energie- an d’Klimakris motivéiere vill Leit, energeetesch Renovatioune virzehuelen an esou ass et net verwonnerlech, dass och vill Besëtzer vu klasséierten Haiser sech Gedanken doriwwer maachen, wéi si d’Energieklass vun hirem Haus verbessere kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Klimaschutz an Energieaspuerunge sinn an den aktuellen Zäiten zentral, mee gläichzäiteg verfollegt d’Regierung och dat wichtegt Zil, de Lëtzebuerger Patrimoine ze erhalen. No wéi enge Krittären entscheet d’Ministesch, ob eng energeetesch Renovatioun un engem op kommunalem Niveau geschützte Gebai erlaabt gëtt oder net?

  2. Wéi eng Facteure kënnen dozou féieren, dass Isolatiounsaarbechten un enger Fassade vun engem op kommunalem Niveau geschützte Gebai keng Geneemegung kréien?

  3. U wien kann eng Persoun sech wenden, bzw. wéi a wou ka si a Recours goen, wa si keng Geneemegung fir eng Renovatiounsaarbechten un hirem op kommunalem Niveau geschützten Haus vun der Ministesch krut an der Meenung ass, dass dës Entscheedung net gerechtfäerdegt ass?

Fro n°7850

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7850

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam