FRO.LU: Demande fir Congé sans traitement

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An der Fonction publique dierf ee bis zu 10 Joer Congé sans traitement huelen. Dee Moment gëtt een net bezuelt, d’Plaz ass awer ënner verschiddene Konditioune geséchert. De Chef d’administration dierf Demande awer och ofleenen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Mat wat fir Begrënnungen dierf de Chef d’administration eng Demande ofleenen?

  2. Kann déi betraffe Persoun hei Recours aleeën? Wa jo, wou?

Fro n°7603

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7603

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt