Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
Delai Booster Impfung fir Astrazeneca – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Delai Booster Impfung fir Astrazeneca

De leschte Freiden, den 19.11.21, huet d’Regierung hiren Accord ginn, dass all Erwuessenen zu Lëtzebuerg sech ka “boostere” loossen, d. h. eng gratis Opfrëschung vu senger Covid-Impfung kréie kann. Den Zäitpunkt vun der Booster-Impfung soll 6 Méint no der leschter Impfung leien. Eng nach net peer-reviewed Etüd aus Schweden mam Titel “Effectiveness of Covid-19 Vaccination Against Risk of Symptomatic Infection, Hospitalization, and Death Up to 9 Months: A Swedish Total-Population Cohort Study” wéisst, dass d’Impfstoffer awer deelweis scho virum 6te Mount staark un Effektivitéit ofhuelen. Virun allem beim Vaccin vun AstraZeneca wier schonn no 4 Méint kee Schutz virun Infektioune méi moossbar (wärend de Schutz virun engem schweiere Verlaf awer Bestand huet). BioNTec läit zum Vergläich no 4 Méint no der 2ter Dosis nach bei ongeféier 50% Schutzwierkung géint eng symptomatesch Infektioun .

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Ministère Kenntnis vun der genannter Etüd?  Wéi schätzt si d’Fiabilitéit vun de Resultater vun de Fuerscher an?

  2. Falls d’Ministesch an hir Beroder d’Resultater vun dëser Etüd als fiabel aschätzen, soll den Zäitpunkt vun de Booster-Impfunge fir Persounen, déi mam Vaxzevria-Vaccin geimpft goufen, net deementspriechend no ënnen ugepasst ginn?

  3. Falls d’Ministesch um Delai vu 6 Méint festhält, kann si Erklärungen (Studien) ginn, déi den Delai vu 6 Méint erklären?

  4. Falls d’Ministesch an hir Beroder d’Resultater vun dëser Etüd als fiabel aschätzen, wäert dës een Afloss op de Covid-Check Regimm hunn?

Fro n°5283

 

D’Urgence vun der Fro gouf net unerkannt.

 

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5283

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll