FRO.LU: De Wee (zréck) op den Aarbechtsmarché

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Hei zu Lëtzebuerg ginn et divers Associatiounen, deenen hiren Objet et ass, Leit an den Aarbechtsmaart ze integréieren oder ze reintegréieren. Trotzdeem schéngt et sou, dat vill Leit, déi kuerzfristeg a sou Strukturen ënner kommen, ni aus hirer Noutsituatioun rauskommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Leit ginn aktuell vun Associatioune betreit, déi hinnen entweder hëllefen, eng Aarbecht op dem regulären Aarbechtsmaart ze fannen oder hinnen temporär eng Aarbecht bidden?

  2. Wéi vill Leit, fannen iwwert dee Wee eng Aarbecht a Form vun engem CDD oder souguer CDI? 

• Wat fir eng Forme vun Accompagnement ginn do gebueden? 

• A wéi enge Fäll besteet eng Zesummenaarbecht mat Entreprisen oder Schoulen, fir eng (Re-)Integratioun ze erliichteren?

  1. Wéi gesäit d’Zesummenaarbecht vun dësen Associatioune mat der ADEM a mam CNFPC aus?

  2. Wéi laang dauert et am Duerchschnëtt bis déi Leit an enger Associatioun betreit ginn, eng nei Aarbecht fannen? 

• Wat sinn d’Schwieregkeete bei der Sich vun enger neier Aarbecht? 

• Wat gëtt gemaach, fir déi Schwieregkeeten ze behiewen?

  1. Gëtt et eng onofhängeg Evaluatioun vun der Aarbecht vun deenen Associatiounen? Gëtt d’Erfarung vun de Betraffene bei där Evaluatioun berécksiichtegt? 

  2. Wéi schätzen d’Ministeren den Erfolleg vun dee Mesuren an? Besteet Verbesserungsbedarf?

Fro n°3507

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3507

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene