FRO.LU: Dauerhaft Grenzkontrollen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Och no der Covid-19 Pandemie kënnt et nach zu Kontrollen op de Lëtzebuergesch-Däitsche Grenziwwergäng. Ee Memberstaat muss laut Kapitel II vum Schengen Accord de Conseil européen an d’Europaparlament informéieren, wann Kontrollen op de Bannegrenze vum Schengeraum stattfannen.

Däitschland mécht dann och nach ëmmer Grenzkontrollen a Richtung Éisträich an Éisträich mécht der op senger Grenz mat Slowenien. D’EU Kommissioun huet elo rezent vun Éisträich de schrëttweisen Ofbau vun dëse Kontrolle gefuerdert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass den Ausseministère ëmmer iwwert d’Kontrolle vun eisen däitschen Noperen informéiert? Wa jo, wat fir Informatioune krut Lëtzebuerg an deem Zesummenhang?

  2. Wéi gesäit den Ausseminister generell d’Anhale vum Schengen Accord an der EU am Moment? Wat muss gemaach ginn, fir oppe Grenzen an deem Zesummenhang ofzesécheren?

  3. Wat ka Lëtzebuerg maachen, fir d’Anhale vum Schengen Accord ze sécheren?

Fro n°8007

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8007

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt