FRO.LU: National CovidCheck-Websäit fir Restauranten a Caféeën

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Duerch de CovidCheck-Regime am HORECA-Beräich kënne Restaurateuren a Cafetieren erëm méi Clienten an hire Lokaler empfänken. Fir dëse Regime dierfen z’applizéieren, muss de Patron säi Betrib iwwert covid19.lu bei der Santé umellen an kann dann Affichen an Autocollante beim Stat bestellen. Vill, awer net all, Restauranten a Caféen annoncéieren op hire Social Media-Kanäl a Websäite, wa si de CovidCheck-Regime applizéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

Wéi steet de Minister zur Iddi vun enger Website, op där all Patron aus dem HORECA-Beräich kéint uginn, ob säi Betrib de CovidCheck applizéiert, fir esou de Clienten, déi dat wëllen, d’Méiglechkeet ze ginn sech am Virfeld iwwert dem Betrib seng Covid-Mossnahmen z’informéieren?

Fro n°5040

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5040

Zesummenhang posts

Start um 19h15 Stand Sektiounen Tour de Table iwwert de Stand vun de Sektiounen. Aktuell si folgend Proporzgemengen sécher: Stad, Kayl, Péiteng, Suessem, Käerjeng,
D’Piraten hunn haut op enger Pressekonferenz Kriticken um leschten Tripartitesaccord ervirbruecht a selwer gerecht Léisunge fir haut a muer virgestallt, fir d’Steiergelder besser a
Obwuel d’Recht op Privatsphär an d’Recht op eng reegelkonform automatiséiert Veraarbechtung vu persounebezunnen Daten duerch eng ganz Rei national an europäesch Texter geschützt ginn,