FRO.LU: Cannabis-Ueleg Nofro

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An der Äntwert op d’Fro 6171 huet d’Ministesch erkläert, dass de Cannabis-Ueleg nach net un d’Patiente verdeelt gouf. Laut Ministesch sollten fir d’éischt Analysen gemaach ginn an dës sollte viraussiichtlech am August ofgeschloss ginn. Wéi eis vum CHL confirméiert ginn ass, gëtt den Ueleg awer weiderhin net distribuéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Analyse vun deenen d’Ministesch geschwat hat mëttlerweil ofgeschloss? Wa nee, wéini sollen dës Ofgeschloss ginn an wéi ass hei de Retard z’erklären?

  2. Fir wéini sinn déi nächst Liwwerungen un Cannabis-Bléien a Cannabis-Ueleg virgesinn a wéi eng Quantitéite sinn hei z’erwaarden?

Fro n°6864

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6864

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt