FRO.LU: Baubranche: Clienten zéie géint Promoteure viru Gericht

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

D’Bauentreprisen am Land stinn no der Covid-Kris, der Energiekris an den elo falende Präisser a Verkafszuelen um Wunnengsmaart viru groussen Erausfuerderungen. Retarde bei der Liwwerung vu Matières Premièren a bei der Fäerdegstellung vu Projete sinn net seelen. Och Faillitten a Verzögerunge bei der Bezuelung komme vir. Rezent war beispillsweis de Wunnprojet an der Cité Ouschterbuer zu Uewerkuer an de Medien thematiséiert ginn, well de Promoteur d’Bauentreprisen zäitweileg net bezuele konnt an d’Chantieren dofir net méi weider goungen. Fir d’Clienten, kënnen esou Problemer mat héije Käschte verbonne sinn, wann si d’Zäit bis zur Fäerdegstellung vun hire Projeten iwwerbrécke mussen. Ëmmer nees kënnt et vir, dass Clientë Bauentreprisen an/oder Promoteure souguer virun d’Gericht huelen, well si keng aner Léisung méi gesinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung Zuelen doriwwer, wéi oft et virkënnt, dass Privatleit géint Promoteuren/Maître d’ouvragen kloen?
    Falls jo: Wéi hunn dës Zuelen an de leschten 10 Joer evoluéiert:
    – Wéi vill Fäll waren et pro Joer?
    – Wéi oft hunn d’Clientë géint de Promoteur/Maître d’ouvrage pro Joer gewonnen?

  2. Wéi gesinn der Regierung hier Pläng aus, fir de Bausecteur an d’Clienten duerch déi aktuell schwéier Zäiten ze begleeden?

Fro n°1

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene