FRO.LU: Autorisation d’exercer am Santésberäich

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

D’ofgeännert Gesetz vum 26te Mäerz 1992 gesäit vir, dass Persounen a verschiddene Gesondheetsberuffer fir d’éischt mussen eng Autorisation d’exercer ufroen, ier si hir Aarbecht hei am Land kënnen ophuelen. Dëst gëllt, ënnert anerem, fir Aide-soignanten, Infirmieren/ièren an Hiewanen. Ween ouni esou eng Autorisatioun schafft, kann zu Prisongsstrofe verurteelt ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang huet et an der Moyenne an deene leschte 5 Joer beim Santésministère gedauert, fir eng Demande d’autorisation d’exercer ze traitéieren?
    • Wat war d’Moyenne fir Persoune mat Diplom aus Lëtzebuerg?
    • Wat d’Moyenne fir Persoune mat Diplom aus dem Ausland?

  2. Op déi leschte 5 Jore gekuckt, wéi laang hunn d’Persounen am éischten an am leschte Quintil misste waarden, bis hir Demande d’autorisation d’exercer vum Santésministère traitéiert gouf? 

  3. Wat war an deene vergaangene 5 Joren déi längste Waardezäit, fir eng Demande d’autorisation d’exercer ze traitéieren?
    Wat war an deene vergaangene 5 Joren déi kierzte Waardezäit, fir eng Demande d’autorisation d’exercer ze traitéieren? 

  4. Wéi vill Prozent vun den Demandë ginn ofgeleent? Wat ass heifir den heefegste Grond?

  5. Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass d’Delais de Traitement sollte verkierzt ginn?
    Wa jo, wéi eng Méiglechkeete gëtt et, fir dëst z’erreechen?
    Wann nee, firwat net?

Fro n°7328

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7328

Zesummenhang posts

Rezent Berichter, ënner anerem en Artikel aus “The Atlantic”, ënnersträichen de wuessenden Afloss vu “Private Equity”-Firmen an institutionellen Investisseuren um Wunnengsmaart. An den USA
Den 12. Januar 2026 huet de Gesondheetsministère d’Zuelen zu de Stierffäll zu Lëtzebuerg fir d’Joer 2024 publizéiert. Dobäi gouf uginn, datt et 98 Doutgebuerten