FRO.LU: Assurance dépendance

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Eng fleegebedierfteg Persoun kann iwwert d’Assurance dépendance en Aidant informell fir doheem ufroen. Wann eng fleegebedierfteg Persoun den Aidant informell wëll wiesselen, da gëtt dës Persoun vun der Assurance dépendance komplett nei evaluéiert, och wann sech hiren Zoustand an hir Fleegebedierftegkeet net geännert huet. Den Dossier gëtt ganz nei gemaach, d’Persoun muss zum Beispill bei den Dokter goe fir nei Formulairen ze kréien. D’Assurance dépendance soll beim Traitement vun den Dossieren aktuell e Retard vun ongeféier 5 Méint hunn. Den Aidant informel gëtt awer eréischt unerkannt a kann eréischt an d´Pensiounskeess ugemellt ginn, wann déi fleegebedierfteg Persoun nei evaluéiert ginn ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann den Aidant informel réckwierkend an d´Pensiounskeess ugemellt ginn?

  2. Wéi laang réckwierkend kann den Aidant informel an d´Pensiounskeess ugemellt ginn?

  3. Firwat muss déi fleegebedierfteg Persoun komplett nei evaluéiert ginn, just fir den Aidant informel ze änneren, och wann sech hire gesondheetlechen Zoustand guer net verännert huet?

  4. An der Äntwert op d’QP N° 7204 huet de Minister ugekënnegt “dat an noer Zukunft géing gekuckt gi fir d’Aidanten nach besser ze encadréieren an och ze entlaaschten. Zu deem Moment wäerten dann och nach eng Kéier déi eenzel Forfaiten analyséiert an eventuell ugepasst ginn”.
    Weess de Minister antëscht, ob d’Forfaite wäerten un déi vill Präishaussen zënter 2018 ugepasst ginn?
    • Wa jo, wéini sollen dës Upassunge kommen?
    • Wann nee, firwat net?

Fro n°7696

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7696

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat