FRO.LU: Alter vun Ultraschallgeräter

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am medezinesche Beräich sinn Dokteren op d’Hëllef vun technesche Geräter ugewisen. Dozou zielen och Ultraschallgeräter, mat deenen zuelräich Diagnose kenne gestallt ginn. Dofir ass et vu gréisster Wichtegkeet, dass des och um medezinesch neiste Stand sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch fir all Spidol opziele wéi vill Ultraschallgeräter déi verschidde Servicer/Dokteren hunn?

  2. Kann d’Ministesch no Spidol an no Service opziele säit wéini genau dës Geräter a Gebrauch si bezéiungsweis wéini se kaaft gi sinn?

  3. Ginn et fir dës Zort vun technesche Geräter fest Fristen, no deenen si mussen ausgetosch ginn, fir e beschtméiglechen Diagnostik ze garantéieren? Wa jo, wéi eng wieren dat?

  4. Ginn et technesch Krittären no deenen dës medezinesch Geräter ersat ginn och wann d’Frist nach net ofgelaf ass? Wéi eng Roll spillt dobäi den technologesche Fortschrëtt?

Fro n°6792

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6792

Zesummenhang posts

Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter