Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Am September 2020 huet de Verband Bildung und Erziehung (VBE) an Däitschland d’Resultater vun enger Ëmfro zu Gewalt géint Schoulpersonal an Däitsche Schoule presentéiert. 40% vun de Schulleitungen a Grondschoulen hunn hei kierperlech Aggressioune géigeniwwer dem Léierpersonal uginn. Dëse Wäert huet par Rapport zu der Ëmfro 2018, respektiv 2016, zougeholl. Laut VBE kéint dëst am Zesummenhang domat stoen, dass vill Kanner net wëssen, wéi ee mat Konfliktsituatioune soll ëmgoen. Mee och Kanner kënnen Affer vu Gewalt an der Schoul ginn a wëssen net ëmmer u wien se sech an dem Fall wende sollen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Huet de Minister Zuelen heiriwwer, wéi vill Fäll et am Fondamental an deene leschte 5 Joer gouf, wou eng Persoun vum Léierpersonal Affer vu Gewalt duerch Schüler gouf?
-
Huet de Minister Zuelen heiriwwer, wéi vill Fäll et am Fondamental an deenen leschte 5 Joer gouf, wou een Schüler Affer vu Gewalt duerch eng Persoun vum Léierpersonnal gouf?
-
A wéi ville Fäll ass a béiden Zenarioen d’Police ageschalt a Plainte deposéiert ginn?
-
U wien sollen sech d’Kanner am beschte wenden, wann si Affer vun esou Gewalt sollte ginn?
-
U wien sollen sech d’Enseignanten am beschte wenden, wann si Affer vun esou Gewalt sollte ginn?
Fro n°6684
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 6684