FRO.LU: Afkaaf vun Miwwelen fir 11’000€

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Mir ass zougedroe ginn, dass de Sportsministère 6 Still fir iwwert 11’000€ soll kaaft hunn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister dës Ausgaben erklären?

  2. An wéi engem Artikel vum Budgetsgesetz war des Ausgab virgesinn?

  3. Ass de Minister net der Meenung, dass hei och méi bëlleg Miwwelen de selwechten Déngscht gemaach hätten?

  4. Goufen nach weider Miwwel Akeef an dësem Präissegement vum Ministère säit Ufanks des Joers getätegt?

Fro n°5925

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5925

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt