Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Den 7ten Abrëll huet de Gesondheetsministère an den Sozialversécherungsministère per Communiqué matdeele gelooss, dass een Accord fonnt gi wier, fir d’Maternité vum CHdN erëm opzemaachen.
“En partenariat avec la Direction du CHL et le Service national de néonatologie intensive du CHL, la Direction du CHdN a pu définir un ensemble de mesures qui permettront de garantir la prise en charge néonatale au CHdN et d’assurer la conformité avec la loi du 8 mars 2018 relative aux établissements hospitaliers et à la planification hospitalière. Le concept de prise en charge néonatale ainsi développé a été approuvé hier par la ministre de la Santé Paulette Lenert sur avis favorable du directeur de la Santé et par le ministre de la Sécurité sociale Claude Haagen.”
De 26ten Abrëll sot d’Madamm Ministesch am Kader vun enger mëndlecher Fro: “Eis Servicer vun der Santé sëtze mat um Dësch fir déi Léisungen do ze konzeptualiséieren […] Déi Léisungen déi hei musse fonnt ginn, mussen natierlech assuréieren, dass déi Standarde geséchert sinn. […] Dat sinn déi Aarbechtsgruppen déi intensiv lafen am Moment.”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann d’Ministesch méi detailléiert erklären, awéifern d’Aarbechtsgruppen un dësem Projet schaffen? Schaffen d’Aarbechtsgruppen nach Detailer vum Plang aus oder schaffen si ausschliisslech un der praktescher Ëmsetzung?
-
Wéi eng Aspekter vun deem Plang verlaangen nach no engem Traitement an den Aarbechtsgruppen?
-
Gëtt et beim Plang nach Diskussiounsspillraum oder ass dëse finaliséiert?
-
Wäert de fäerdeg Plang mat den Aarbechte vun den Aarbechtsgruppen ëffentlech gemaach ginn?
-
Goufe beim Ausschaffe vum Plang niewend dem Gesetz vun 2018 och nach aner Gesetzer oder Reglementen consideréiert?
Fro n°6123
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 6123