Fro Klima– an Energieplang: Interessekonflikter vu Ministeren?

Vum Januar op September 2021 sinn d’Energiepräisser staark geklommen a klammen och nach weider. Eleng am Januar 2022 sinn d’Energietariffer ëm 28,6% geklommen. Am Dezember 2021 huet d’Enovos als “Fournisseur du dernier recours“ misste fir Clientë vun Eida asprangen. Verschidde Regierungsmemberen haten 2019 an hiren deemolegen Deklaratiounen uginn, Participatiounen an Energiesociétéite ze hunn. Aus dësem Grond hat ech schonn den 19ten Dezember 2019 am Kader vun der Debatt iwwert den Klima- an Energieplang eng Motioun agereecht, déi sech mat eventuelle Conflits d’intérêts vu Ministere beim Klima- an Energieplanung befaasst huet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill aktuell Ministeren haaten no hirem Amtsuntrëtt nach Parten an Engeriesociétéiten?

  2. Wéi vill aktuell Ministeren hunn säit Dezember 2019, also no der Debatt an der Chamber iwwert de PNEC, Parten an Energiesociétén ofgetrueden?

  3. Ginn et nach Ministeren, déi haut Parten an Energiesociétéiten hunn, déi vum Klima- an Energieplanung kënne profitéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5697

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt