Fridays for Future: Youth for Climate Change

D’Piraten positionéieren sech kloer dofir, dass d’Schüler duerfen ouni Sanktiounen um Klimastreik den 20ten an 27te September deelhuelen. D’Piratepartei stellt mat Erstaune fest, dass den Educatiounsminister Meisch de Schülerstreik vun der Organisatioun “Youth for Climate Change“ net méi ënnerstëtzt. Dofir bidden d’Piraten op piraten.lu/excuse ee Formulaire un fir d’Schüler den Dag ze excuséieren.

Mir erënneren eis: am Mäerz an am Mee dëst Joer sinn di Jonk am Numm vum globale Schülerstreik „Fridays for Future“ op d‘Stroosse manifestéiere gaangen fir d’Gesellschaft opzeruffen hir Liewensweis ze änneren, fir eist Klima ze retten. Den Engagement vun de Jonken ass dee Moment nach vun alle Parteien an alle Ministere begréisst an ënnerstëtzt ginn. Deemols hat den Educatiounsminister Claude Meisch eng Dispens accordéiert, fir d’Absence vun de Schüler, déi um Streik deelgeholl hunn, als valabel Excuse unzeerkennen (cf. Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°363).

Wéi den Educatiounsministère elo annoncéiert huet, wär fir d’Manifestatiounen vum 20. an 27. September keng Kollaboratioun mam Ministère gesicht ginn an dofir géif d’Deelhuelen um Streik als  Acte de désobéissance civile gewaërt ginn. D’Absence am Cours geif deementspriechend och net méi excuséiert ginn. D’Piraten sinn domat net averstaanen ! Wann d’Net-Kollaboréieren mam Ministère tatsächlech de Grond soll sinn, fir ee Streik als zivillen Ungehorsam ze klasséieren, dann hätt den Här Educatiounsminister, an den Aen vun der Piratepartei, schonn am Kontext vun der éischter Protestwell keng Dispense dierften accordéieren. D’Pirate fuerderen dofir den Educatiounsminister Meisch op, seng Ënnerstëtzung, déi hien am Mäerz medienwierksam ausgeruff huet, och no de EU-Wahlen oprecht ze erhalen. D’Piraten fuerderen dofir mat Nodrock eng Dispense fir déi jonk Demonstranten, well den Engagement an d’Ausdauer vu Youth for Climate Change wichteg a richteg sinn.

Fir dass d’Schüler den Dag vum Protest trotzdeem entschëllegt sinn, bidden d’Piraten op der Website ee Formulaire un, an dem d’Piraten-Deputéierten hinnen eng Excuse schreiwen fir si esou offiziell ze entschëllegen. Einfach op de Link https://web.piraten.lu/excuse klicken, sech aschreiwen an d’Piraten schécken dann am Laf vum Weekend per Mail eng Excuse un de Schüler.

D’Pirate wënschen den Organisateuren vu Youth for Climate Change ee gutt Geléngen fir hier Manifestatioun!

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene