Fräiraim Festival 2024

Vum 28ten bis den 30ten Juni 2024 gëtt vun der Philharmonie déi zweet Editioun vum Fräiraum Festival organiséiert. Et leeft ënnert dem Motto “E Fest fir di national Musekszeen” a soll Acteuren aus Lëtzebuerg souwéi och aus der Groussregioun d’Geleeënheet ginn, sech an engem professionelle Kader ze presentéieren. Well et sech net ëm e kommerziellt Event handelt, brauch de Public keen Entréesbilljee an den Zougang ass fir d’Leit gratis. D’Philharmonie wäert de Kënschtler:innen all néideg Raimlechkeeten zur Verfügung stellen an och eng temporär Bün op der Place de l’Europe oprichten, mee d’Kënschtler:innen erhale keng Remuneratioun fir hir Aarbecht, obwuel d’Event mat hirer Participatioun steet a fält. Dat gëtt besonnesch ze denken, well et sech bei der Philharmonie ëm een Etablissement public handelt, dat vum Staat ënnerstëtzt gëtt an dat och d’Charte de déontologie ënnerschriwwen huet an der et heescht: “La structure culturelle valorise le travail de ses agent/es et des artistes qu’elle engage. Elle assure la reconnaissance du travail réalisé par ses agent/es et l’artiste en leur allouant une rémunération juste et équitable.” 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat erhalen d’Kënschtler:innen, déi bei dësem Event optrieden, keng Remuneratioun fir hir Aarbecht, obwuel d’Philharmonie en Etablissement public ass an d’Charte de déontologie ënnerschriwwen huet, an där si sech engagéieren, den engagéierten Artist:innen eng fair Remuneratioun ze bezuelen?

  2. Organiséiert d’Philharmonie nach aner Evenementer bei deenen d’Kënschtler:innen net bezuelt ginn?
    Falls jo: Wéi eng?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 44

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen