Temporär Fourrière zu Rolleng

A verschidde parlamentareschen Froen (n°4773, 4483, 2675, 676) sinn d’Deputéiert op den Ofstellproblem vun immobiliséierten Autoen am Süden vum Land agaangen. De Problem ass, dass der Police aktuell d’Plaz feehlt, fir immobiliséiert Autoen ofzeschleefen, wat dozou féiert, dass dës Autoen op der Strooss bleiwen. Wéi d’Ministeren an enger Äntwert op eng vun de de parlamentaresche Froe schreiwen “sicht d’Police an Kooperatioun mat der Administration des Bâtiments publics zesummen no enger gudder Alternativ – rezent Iwwerleeunge bestinn, fir déi Fourrière am Beraich vum Rond-Point Raemerich zu Esch Belval ze aménagéieren.” Dat Ganzt schéngt awer net esou einfach ze sinn, well, wéi d’Ministeren op d’Fro n°2675 geäntwert hunn: “Eng temporaire Leisung fir dei ganz Regioun Sud-Quest vum Landass schweier ze fannen well se grouss, ofgesechert, iwwerwaacht an no genuch beim concerneierte Service misst sinn.”

Eng vun de Léisungen, déi um Dësch leit a vum Minister présentéiert gouf, wier eng temporär Fourrière zu Rolleng am Lieu-dit “Am Plon”. An der Péitenger Gemengerotssëtzung vum 22ten November 2021 (Procès-verbal ze fannen op https://www.petange.lu/fr/Pages/20211122_Seance-du-conseil-communal.aspx) ass vu säite vum Buergermeeschter awer ze héieren, dass dëse Site u sech net fir eng Fourrière gëeegnet wier. Och dësen Terrain ass weder ofgeséchert, nach iwwerwaacht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Gouf d’Optioun vun der Fourrière zu Rolleng als Léisung zeréckbehalen?
    • Falls net, wéisou net?
    • Falls jo, wéi gëtt den Terrain ofgeséchert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5329

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen