Astelle vu Fussballspiller an de Gemengen

An engem aktuelle Fall zu Déifferdeng ermëttelt d’Justiz géint den aktuelle Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng an ee Promoteur, deen och President vum FC Déifferdeng 03 ass. Et gëllt natierlech d’Onscholdsvermuddung. De Sport an d’Politik sinn enk matenee verbonnen. D’Geschicht huet awer ëmmer nees gewisen, dass Sport a Politik net getrennt vuneneen existéieren. De Sport gëtt direkt an indirekt duerch Steiergelder finanzéiert. Grad um lokalen Niveau sinn d’Gemeng immens an hier Sportsclibb mat agebonnen. Et stellen sech Froen zu verschiddenen Praxissen, déi een op Gemengenniveau feststellt an iwwert déi d’Leit dobaussen oppen diskutéieren. Eng Praxis betrëfft d’Astelle vu Gemengepersonal, wou nei Mataarbechter zoufällegerweis Spiller vum lokale Fussballclub sinn. Esou zum Beispill beim Transfert vun engem Spiller vun der Union Titus Péiteng op den FC Déifferdeng 03.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Dierf ee Veräin, an deem de Buergermeeschter Comitésmember ass, beim Transfer vun engem Spiller, dësem eng Offer op eng Aarbechtsplaz an der Gemeng verspriechen an duerno ginn? Falls nee, wat sinn d’Konsequenzen, wann eng Aarbechtsplaz ënnert dëser Form un ee Spiller géif vergi ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2632

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt